DISCLAIMER

Dës Websäit gëtt vun der Harmonie Victoria Téiteng asbl (nodréiglech “HVT”) verëffentlecht.

Fir all Fro iwwert dës Websäit a sengem Inhalt, oder fir HVT ze kontaktéieren, wennt Iech w.e.g. un:

Harmonie Victoria Téiteng asbl
14, rue Pierre Schiltz                                 oder                             KONTAKT
L-3786 Tétange

Dës Websäit ass fir de Public a fir d’Membere vun der HVT geduecht. En liwwert News an allgemeng Informatiounen iwwert HVT.

Andeem Dir dës Websäit benotzt, akzeptéiert Dir an engems och Benotzungskonditiounen. Falls Dir matt dëse Benotzungskonditiounen net averstane sidd, biede mär Iech dës Websäit net ze benotzen.

 

Verantwortung fir Inhalter

HVT stellt d’Aktualitéit an d’Richtegkeet vun den Inhalter nom beschtem Wëssen a Gewësse sécher.
 
D’Benotzung vun der Websäit ass grondsätzlech matt Ärem eegenem Risiko verbonnen. HVT gewäert keng sécher, zouverléisseg a feelerfräi Uwendung vun der Websäit. HVT iwwerhëlt keng Verantwortung fir Schied, déi duerch Verwennung vun net-aktuellen, feelerhaften oder net-kompletten Informatiounen entstane sinn oder entstoe kënnen. HVT ass net verantwortlech fir iergendwellech Verloschter oder Schied, wéi direkt oder indirekt Schied, déi am Zesummenhang mam Konsultéieren oder Benotze vun eiser Websäit entstoe kéinten.

 

Ännere vun der Websäit

HVT hält sech Recht fir, eng Partie oder d'komplett Websäit ze änneren oder Disponibilitéit vun der Websäit ze limitéieren oder ganz ofzeschafen.

 

Verantwortung fir Links

HVT ass net verantwortlech fir aner Websäiten, déi iwwert en méigleche Link zougänglech sinn a schléisst kategoresch d’Verantwortung fir all Aart vu Schied, déi sech duerch d’Benotzung vun deene Websäiten erginn, aus.

 

Copyright

  • Textdokumenter

Ausser do wou de Contraire steet, ass d’Vervillfältegung, d’Beaarbechtung an d’Verbreedung vun den Texter op dëser Websäit fir net-kommerziell Zwecker méiglech, ënnert der Bedingung, dass d’Quell www.hvt.lu ausdrécklech uginn ass. HVT behält sëlwer all Rechter op dem intellektuellem Eegentum vun der Websäit, esou wéi och op Informatiounen déi zur Verfügung gestallt ginn.

  • All aner Dokumenter

HVT erlaabt net datt aner Dokumenter op iergendeng aner Aart a Weis benotzt ginn. Dëst zielt fir Fotoen, Videoen, Tounopnamen, Animatiounen, Biller, Grafiken, Schemaen, asw. (dës Lescht ass net exhaustiv). All Benotzung vun dësen Dokumenter, ofgesinn d'Erofluede fir privat offline Zwecker, brauchen eng schrëftlech Geneemegung vum Autor oder vum respektiven Ersteller. Am Fall wou dat net agehale gëtt, behält sech HVT ausdrécklech Recht fir, fir juristesch Schrëtt anzeleeden.

 

DATENSCHUTZ

Mir respektéiere Vertrauen a Sécherheet vun de Benotzer vun eiser Internetsäit a vun eisem Ticketsverkaf. 

Mär weisen dorops hin, dass Dateniwwerdroung am Internet (zum Beispill bei der Kommunikatioun duerch Email) Secherheetslücken opweise kann. En komplette Schutz vun den Daten duerch den Zougrëff vun aneren ass net méiglech.
 
Am Fall wou op dëser Websäit perséinlech Donnéeën ugefrot ginn, passéiert dat, esou gutt wéi méiglech, ëmmer op fräiwëlleger Basis. D’Benotzung vun de Servicer ass, esou gutt wéi,  stets ouni Ugabe vu perséinlechen Donnéeë méiglech. Fir gewësse Servicer ass et awer noutwenneg perséinlech Donnéeën unzefroen. Perséinlech Donnéeë vun de Benotzer vun der HVT Websäit, déi online op www.hvt.lu iwwermëttelt gi sinn, gi grondsätzlech net weiderginn. HVT beméit sech – kann et awer net garantéieren – perséinlech Donnéeë virun zoufälleger oder net-rechtméisseger Zerstéierung, virum Verloscht a virun Net-Autoriséierten ze schützen.
 
En groussen Deel vun der Websäit kann och ouni Cookie konsultéiert ginn. HVT gebrauch Cookien nëmmen an de Fäll wou et noutwenneg ass. En Cookie kann nëmme perséinlech Donnéeën enthalen, déi de Benotzer op fräiwëlleger Basis matgedeelt huet. Ënnert kengem Fall ass et de Cookies méiglech, Festplacken ze kopéieren oder Cookies, déi vun anere Säiten op der Festplack vum Benotzer gespäichert sinn, ze liesen.
 
Am Fall wou net-ugefrot Werbematerial un HVT geschéckt gëtt (wéi duerch Spam-Emails), behält sech HVT ausdrécklech Recht fir, fir juristesch Schrëtt anzeleeden. 

 

Kontaktformular

Déi Donnéeë wou mir wärend dëm Späicheren (Numm, Virnumm an E-Mail-Adress) kréien, gi just fir organisatoresch Zwecker gebraucht an fir kennen eng Äntwert ze schécken. Et ginn keng Donnéeë un en Drëtten weider ginn. Alleguerten dës Donnéeë ginn, nodeem eng Äntwert gescheckt gin ass, onwidderrufflech geläscht a ginn net weider fir analytesch Zwecker verwennt.

 

Ticketsverkaf 

Déi Donnéeë wou mir wärend dëm Späicheren (Numm, Virnumm, Adress, E-Mail-Adress an Telefonsnummer) kréien, gi just fir organisatoresch Zwecker gebraucht a ginn u keen Drëtte weider ginn. Als Veranstalter vun dësem Event hunn mer Zougang zu enger Lëscht mat allen Donnéeë vum Benotzer, dem Bestellcode an der Unzuel vun de bestallten Ticketen.  Alleguerten dës Donnéeë ginn nom Event onwidderrufflech geläscht a ginn net weider fir analytesch Zwecker verwennt.

 

Ugewannt Recht/ Geriichtsbarkeet

Eis Websäit gëtt a Lëtzebuerg geréiert. Den Zougang zu dëser Websäit an d’Benotzung esou wéi all doraus entstane Streitegkeete falen ännert Recht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. D’Geriichtsbarkeetsplaatz ass Lëtzebuerg.

 

Dëst ass d’lëtzebuergesch Iwwersetzung vum franséischen Text. Am Fall vun engem Ënnerscheed am Inhalt an/oder am Sënn tëschent den zwou Versiounen, ass franséisch Versioun ausschlaggebend.