AGENDA

Krimidinner
Samschdes 11 Mee 2019

Krimi-Dinner

Mort subite - ee gastromärdereschen Owend

11.05.2019 - Schungfabrik zu Téiteng
Ufank: 19h30 (bis ca 24h00)
 
Zesumme mat der Artistekëscht vu Käl invitéiert den Organisatiounskomitee vun 125 Joer vun der Harmonie Victoria lech op e spannenden Owend - e Krimi-Dinner a Lëtzebuerger Sprooch. Zesumme mat der Artistekëscht vu Käl invitéiert den Organisatiounskomitee vun 125 Joer vun der Harmonie Victoria lech op e spannenden Owend - e Krimi-Dinner a Lëtzebuerger Sprooch. 
D’Geschicht spillt doheem beim Premier an der Stuff. Hien huet seng enkste Frënn a Beroder geruff fir eng leschte Kéier mat hinnen als Premier ze feieren. Hien huet missen seng Demissioun ginn, nodeems hien an engem Referendum keng Majoritéit méi kritt huet. Dobäi ass et ëm en risege Golfterrain mat engem Casino gaangen, wou räich Promi'en hier Sue verspille kéinten. De Chef vun der Police an eng Affekotin sinn an dëser Affär bedeelegt a wëlle Suen domadder maachen - si haten den Terrain matten an der Natur schonns virdrun opkaaft. Mä elo, an ouni Autorisatioun vun der Regierung, riskéiert aus dem Geschäft näischt ze ginn. Et muss also eppes mam Terrain geschéie.
De Zeenario gouf vum Christiane Kremer geschriwwen.

MENU:

Potage en entrée
Oxtail clair de queue de bœuf parfumé au sherry
 
Assiette froide
1 x Toast rustique au jambon cru
1 x Toast rustique au jambon cuit
1 x Mini pâté au Riesling apéro
 
Plat principal
Orloff de porc, sauce champignons
Accompagné de pommes de terre rissolées et fagots de haricots verts
 
Dessert
Mousse au chocolat
 

Präis: 55€

Am Präis mat abegraff sinn: 
- den Krimi, gespillt vun der Artistekëscht
- 1 Apero 
- 4 Gang-Menü (ouni Gedrénks)
 
Umeldung iwwert www.hvt.lu oder Tel.: 661 150 661 (vun 13h00-15h00 oder 19h00-20h00)
 
 
Untitled 3
 
Standuert Schungfabrik zu Téiteng