AGENDA

Optaktconcert fir 125 Joer HVT
Samschdes 27 Oktober 2018, 20:00 - 23:55

Dirigenten: Gilles Burgund & Jan Van der Roost

Entrée: 12€  -  Studenten: 7€

Schungfabrik zu Téiteng

---------------

D'Harmonie Victoria Téiteng gëtt 125 Joer al.

Fir d'Zäit vum 27. Oktober 2018 bis de 26. Oktober 2019 huet den Organisatiounscomité e flotte Programm op d’Bee gestallt, fir dëst Evenement wierdeg ze feieren.

Um Optaktconcert de 27. Oktober wäert d'Harmonie Victoria Téiteng ënnert aanerem zwou Welturopféierunge presentéieren:

Jan STEPSTONES, e Wierk, dat de Jan Van der Roost am Optrag vun der Téitenger Musek komponéiert huet, erënnert u verschidde Meilesteng aus der Museksgeschicht.

De Jan Van der Roost huet seng Studien als Dirigent a Komponist am Lemmensinstituut zu Leuwen, an an de kinnekleche Conservatoiren vu Gent an Antwerpen gemaach. Haut enseignéiert hien am Lemmensinstituut an ass Gaaschtprofesser op der Senzoku Gakuen zu Kawasaki an op der Nagoya University of Arts a Japan.

D’Harmonie Victoria Téiteng huet d'Éier, dëst Wierk ënnert der Leedung vum Komponist Jan Van der Roost opzeféieren.

   
Pol Victoria, e Marsch aus der Fieder vum HVT-Member Pol Belardi, ass dat zweet Wierk, dat bei dëser Geleeënheet dem Publikum als Uropféierung virgestallt gëtt.

De Pol Belardi huet seng musikalesch Ausbildung am Conservatoire vun Esch ugefaangen, wou hien niewent den theoretesche Fächer Piano, Perkussioun a Bassgittare geléiert huet. Ofgeschloss huet hien säi Studium mat engem Master-Diplom zu Amsterdam.

Scho wärend sengem Studium huet hien sech en Numm gemaach mat senger Jazzband Pol Belardi's Force. Als Komponist schreift hien Wierker a verschiddene Genren a fir verschidde Besetzungen.

 

PROGRAMM

  1. STEPSTONES /Jan Van der Roost

 Untitled 1